Lycée

Beruffsausbildung

MENG REEGEL, MÄI KIERPER!

MENG REEGEL, MÄI KIERPER!

Eng Campagne fir iwwert d’Menstruatioun opzeklären. D’Reegel ass an eiser Gesellschaft nach ëmmer een Tabuthema, a kee Mënsch sollt sech duerfir schumme well et schliisslech eng normal biologesch Funktioun ass ouni déi eng Persoun keng Kanner kréie kann. D’Hallschent vun der Gesamtbevëlkerung kritt all Mount seng Reegel, a fir all dëse Persounen entgéint ze kommen a Mëssinformatiounen ofzeschafen ass et wichteg dëst Thema an der Ëffentlechkeet unzeschwätzen.

Froe wéi : Wat ass d’Reegel ? Wéi laang dauert se? Wat ass en Zyklus? Wat ass ee premenstruelle Syndrom? Ass d’Reegel eppes Knaschteges? an nach vill méi Froen, stellen sech am Alldag iwwert d’Reegel an allem wat drun hänkt. An hei op dëser Säit fannt dir eng Äntwert. Dës Campagne riicht sech u Kanner, Jonker an awer och Erwuessener déi Informatiounen iwwert d’Reegel wëllen hunn an Äntwerten op hier Froen.