Secondaire

Professionnel

Objet > Contenant > Eis gebaute Welt, vu gëschter, haut a muer - Entdeckungsrucksack

Eis gebaute Welt, vu gëschter, haut a muer - Entdeckungsrucksack

Sommaire

Description

„Eis gebaute Welt“ invitéiert d’Schoulkanner (cycles 3 a 4) op 6 Missioune fir d'Ëmwelt ronderëm d'Schoul, an der Gemeng an doriwwer eraus z'erfuerschen a besser ze verstoen. D’Aktivitéite fannen esouwuel am Klasseraum, ewéi och dobausse statt. Themen, un deene geschafft gëtt sinn:

Informations

Products
Sprooch
Luxembourgeois
Éditeur
MEN

Affiliations

Description

Description

„Eis gebaute Welt“ invitéiert d’Schoulkanner (cycles 3 a 4) op 6 Missioune fir d'Ëmwelt ronderëm d'Schoul, an der Gemeng an doriwwer eraus z'erfuerschen a besser ze verstoen. D’Aktivitéite fannen esouwuel am Klasseraum, ewéi och dobausse statt. Themen, un deene geschafft gëtt sinn:

  • Graffiti an Dekor,
  • Stroossen a Plazen,
  • Ambiancen a Wuelbefannen,
  • Geschicht,
  • an Architektur.

Fächeriwwergräifend Schaffen erlaabt de Schüler*inne vernetzt ze léieren, ewéi z. B. Sproochen, Rechnen, Geographie a Sciencen a Verbindung ze bréngen. Bei all Missioun mécht fir d’éischt e klenge Wëssensinput virwëtzeg op eng Recherche. No enger gemeinsamer Analys a Reflexioun kënnt et zu engem kreativen Ofschloss, bei deem all Kand seng Andréck a seng Erkenntnisser verschaffe kann.

D‘Kärelement vum Projet „Eis gebaute Welt“ ass déi methodesch Approche an dat didaktescht Material, dat fir dësen Zweck ausgeschafft gouf. All Schüler*in kritt eng Mapp mat Aktivitéitsblieder zu de 6 Missiounen an engem Ofschlossdiplom, deen eegestänneg gebastelt gëtt. Mat Hëllef vun dësen Aktivitéitsblieder kann all eenzel Schüler*in, esou wuel onofhängeg oder awer och zesummen an der Grupp déi gefrote Missioune léisen. Déi 6 Missioune stellen e Ganzt duer, mä et gëtt keng Reiefolleg an et kann een als Léierpersoun sech déi gewënschte Missioun selwer auswielen.

Als méiglech Ënnerstëtzung um Terrain besteet de Rucksak vun „Eis gebaute Welt“ mat ville praktesche Gadgete fir d’Aktivitéiten. D’didaktescht Material ass prêt à l‘emploi fir direkt an der Klass agesat ze ginn; och ouni de Rucksak kënnen d’Missiounen awer mat de Kanner an Ugrëff geholl ginn.

Contenant

Format

Imprimé

245,70 €
Disponible sur le bon de commande du Ministère