Secondaire

Professionnel

Publication > Farde > Komm mat op d'Sich! 10 grouss Wimmelpouster mat flotte Spiller

Komm mat op d'Sich! 10 grouss Wimmelpouster mat flotte Spiller

Description

Description

Mat dem Wimmelbiller-Set „Komm mat op d‘Sich!“ gëtt dem Léierpersonal didaktescht Material zur Verfügung gestallt, fir de Schülerinnen a Schüler bei der Fërderung vum Sprooch(en)léieren ze hëllefen. D’Bildmaterial ass sproochneutral, d. h. op den eenzele Pouster gëtt keng Sprooch benotzt.

Products

Products
Sprooch
Luxembourgeois
Format fermé
ISBN
978-99959-1-083-9
Éditeur
MEN

Affiliations

Description

Description

Mat dem Wimmelbiller-Set „Komm mat op d‘Sich!“ gëtt dem Léierpersonal didaktescht Material zur Verfügung gestallt, fir de Schülerinnen a Schüler bei der Fërderung vum Sprooch(en)léieren ze hëllefen. D’Bildmaterial ass sproochneutral, d. h. op den eenzele Pouster gëtt keng Sprooch benotzt. Doduerch kann d’Material zum enge bei der Fërderung vun der Éischt-, wéi och beim Léiere vun enger Zweetsprooch resp. weidere Friemsprooche benotzt ginn. Zum anere kann et awer och sproochiwwergräifend agesat ginn, d. h. et kënne méisproocheg Aktivitéite stattfannen.

An dësem Set sinn zéng thematesch Situatiounsbiller, bestoend aus engem grousse Pouster (recto) a sechs eenzelnen Übungen (verso), déi sech op déi jeeweileg Thematik bezéien. D’Bildmaterial gouf fir 2 Gréisste konzipéiert: zum engen als A2-Pouster, fir an der Klass opzehänken (am Set als Pabeierform) an zum aneren als A3-Pouster, sou datt all Kand domat op senger Bänk schaffe kann (op dësem Site verfügbar). Et gouf probéiert, fir nieft dem „klasseschen Asaz“ vu grousse Pousteren, nach weider Asazméiglechkeeten ze kreéieren. Fir mat dëse grousse Situatiounsbiller ganz verschidde sproochlech a kommunikativ Kompetenze kënnen auszeschaffe gouf en innovatiivt Konzept entwéckelt, dat verschidden Aktivitéite proposéiert – an doriwwer eraus nach vill Fräiraum léisst fir weider pädagogesch Übunge kënnen unzebidden; dëst duerch eng besonnesch Aart vum Falen, datt duerno aus dem Pouster e Booklet entsteet. Esou kann all Kand säin eegent Exemplaire kréien, dat et fir sech entdecken an un deem et schaffe kann.

Et goufen zéng Themen ausgewielt, déi sech alleguer mat Liewens- an Erfahrungsberäicher ausernee setzen, déi fir Kanner vu Relevanz sinn: am Klassenzëmmer, an der Klinick, am Schoulhaff, op der Spillplaz, um Bauerenhaff, bei der Famill, an der Natur, am Verkéier, am Supermarché, am Kleederschaf.

Farde

Format

Imprimé

4,10 €

Numérique

0,00 €
Uniquement pour enseignants.
Veuillez vous connecter avec votre IAM de l'éducation.
Uniquement pour enseignants.
Veuillez vous connecter avec votre IAM de l'éducation.

Contenu multimédia

Uniquement pour enseignants.
Veuillez vous connecter avec votre IAM de l'éducation.