Secondaire

Professionnel

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren – Expérimentéiertkit zum Film

Sommaire

Description

Am Hierscht 2022 ass de Film Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren* am Kino ugelaf. Dësen Dokumentarfilm vum Tom Alesch gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg.

Informations

Products
Sprooch
Luxembourgeois
Éditeur
SCRIPT

Affiliations

Description

Description

Am Hierscht 2022 ass de Film Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren* am Kino ugelaf. Dësen Dokumentarfilm vum Tom Alesch gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg.

Passend zum Film huet de SCRIPT en Experimentéier-Kit ausgeschafft, dee sech gutt fir d’Fréijoer ubitt an dee fächeriwwergräifend agesat ka ginn. Déi Jonk kënne selwer hir Leguminosen an der Klass zillen an esou beobachten, wéi een ouni cheemesch-syntheeteschen Dünger de Buedem mat Stéckstoff uräicheren a kräfteg Planze zille kann. Dir kennt Iech Är Exemplairë vum Experimentéierkit, an de Limitte vum Stock, gären hei bestellen.

D’Anleitung zum Experimentéierkit, notamment fir déi déi an d’Schoul verschéckt goufen, kennt der Iech hei gratis als PDF eroflueden.

Ausserdem huet de SCRIPT och d’Spill zum Film ausgeschafft, dat déi verschidden Elementer, déi am Film thematiséiert ginn, opgräift an et erlaabt, déi deelweis komplex Zesummenhäng a Wiesselwierkungen an der Biolandwirtschaft spilleresch mat Fachwëssen interdiziplinär ze verdéiwen. Kopië vum Spill goufen ewell Ärem Centre de documentation et d’information zougestallt an kënnen och, an de Limitte vum Stock, hei nobestallt ginn.

Op der Websäit www.biobauzen.lu si weider Informatiounen ze fannen, wéi z.B. wéini a wou de Film gewise gëtt, respektiv déi néideg Kontakter, fir wann Dir de Film z.B. an Ärer Schoul wëllt weisen. Op dëser Websäit ginn och pedagogesch Impulser ugebueden, wéi een sech op verschiddenst Aart a Weis an interdisziplinär mat der Biolandwirtschaft auserneesetze kann.

*Eng Produktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl mat der Hëllef vum Oikopolis-Grupp a vun der Oikopolis Foundation Luxembourg, a Partnerschaft mam Cactus-Grupp a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, vum Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, vum Ministère de la Protection des consommateurs a vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

Behälter

Format

Imprimé

0,00 €
Uniquement pour enseignants.
Veuillez vous connecter avec votre IAM de l'éducation.