Lycée

Beruffsausbildung

Allerhand 01: Aleng

Sommaire

Beschreibung
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

Informations

Produkt
Sprache
Luxemburgisch
ISBN
978-99959-1-475-2
Seitenanzahl
192
Autor
Cathy Clement
Herausgeber
SCRIPT

Affiliations

Allerhand 01: Aleng

Fach
Lëtzebuergesch
Aktivität
Liesen
Klasse
Lycée
  • Classique
  • Général
Zielpublikum
Léierpersounen
Schüler
Reihe
Thema
Sproochen

Description

Beschreibung

Aleng ass en autofiktionale Roman, deen op den Erfarunge vun der deemools eréischt 15järeger Autorin Cathy Clement baséiert a gréisstendeels an Tagebuchform erzielt gëtt.

Et geet ëm typesch Konflikter a Situatiounen aus dem Liewe vu Jonken: Verléiftsinn a Bezéiungssträit, éischt sexuell Erfarungen, d’Fro no der eegener Identitéit asw. Besonnesch ass un Aleng, wéi d’Autorin iwwert hier Famill schreift. De Papp terroriséiert mat sengem onberechenbaren an aggressive Behuelen déi ganz Famill a ganz besonnesch d’Erzielerin. D’Buch handelt dovun, wéi dat jonkt Cathy probéiert, mat där schwiereger Situatioun a mat senge psychesche Problemer eens ze ginn.

An den 90er Joren war dëst Buch en absolutte Bestseller an och e wéineg e Skandalbuch (wéinst der ongeschéinter Beschreiwung vu Sex a Gewalt, a wéinst där zum Deel graffer Sprooch). Et ass e Buch iwwert d’Jonksinn, spigelt awer och d’Liewensgefill vu Jonken an den 90er Jore gutt erëm.

Buch

Format

Druckausgabe

12,50 €
Nur für Lehrkräfte. Bitte loggen Sie sich mit Ihrem IAM ein.