Lycée

Beruffsausbildung

Publikatioun > Buch > Allerhand 04: De Jean-Paul rifft de Roger un - Jean-Paul Jacobs

Allerhand 04: De Jean-Paul rifft de Roger un - Jean-Paul Jacobs

Sommaire

Beschreiwung
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

Informations

Produkt
Sprooch
Lëtzebuergesch
ISBN
978-2-49673-013-5
Zuel vu Säiten
220
Auteur
Jean-Paul Jacobs

Affiliations

Description

Beschreiwung

Zwee Männer schwätze sech um Telefon hallef ëm de Verstand. Firwat schéisst de Grand-Duc dem Jean-Paul keen Hues? Kann een e Bonjour vun engem Monni gesot kréien, deen et net gëtt? A wou kënnt op eemol dee Gestank hier? De Jean-Paul rifft de Roger un ass en absurd Buch, e witzegt Buch, en topegt Buch, e Buch voller Verlaangeren - an en Dokument vun enger grousser literarescher Frëndschaft.

Buch

Format

Drock

€12.50
Loggt Iech wgl. mat Ärem IAM oder E-Mail Adress an.