Lycée

Beruffsausbildung

Publikatioun > Buch > Allerhand 02: Speck

Allerhand 02: Speck

Sommaire

Beschreiwung
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

Informations

Produkt
Sprooch
Lëtzebuergesch
ISBN
978-99959-1-476-9
Zuel vu Säiten
152
Auteur
Claudine Muno
Editeur
SCRIPT

Affiliations

Allerhand 02: Speck

Fach
Lëtzebuergesch
Aktivitéit
Liesen
Klass
Lycée
  • Classique
  • Général
Zilpublikum
Léierpersounen
Schüler
Serie
Theema
Sproochen

Description

Beschreiwung

Speck ass en absurd a groteskt Theaterstéck iwwert d’Widderspréch vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. D’Claudine Muno entwërft doran e Lëtzebuerg, an deem de Konsum vun Alkohol a virun allem Fleesch verbueden ass, a jiddereen no der gudder aler Zäit verlaangert.

Den Haaptpersonnage ass e jonkt Meedchen, dat erausfënnt, datt seng Elteren heemlech Fleesch giess haten. Hatt huet dowéinst allméiglech Organer duebel an eng gespalte Perséinlechkeet.

Dëst ass e witzegen Text mat dacks schwaarzem Humor, dee folgend Theeme besonnesch behandelt: d’Fro no Upassung an Individualitéit, d’Fro no der Konscht an der Gesellschaft, Hypokrisie, Ëmgang mat Immigrantinnen an Immigranten.

N. B.: De SCRIPT gëtt dëst Stéck fir déi éischte Kéier eraus; en ass soss nach néierens publizéiert.

Buch

Format

Drock

€12.50
Nëmme fir Léierpersounen. Loggt Iech wgl. mat Ärem IAM an.