Lycée

Beruffsausbildung

Publikatioun > Buch > Allerhand 03: Perl oder Pica

Allerhand 03: Perl oder Pica

Beschreiwung

Beschreiwung
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

Produkt

Produkt
Sprooch
Lëtzebuergesch
ISBN
978-99959-1-477-6
Zuel vu Säiten
544
Auteur
Jhemp Hoscheit
Editeur
SCRIPT

Affiliations

Beschreiwung

Beschreiwung

Perl oder Pica ass ee vun deene beléiftste Romaner op Lëtzebuergesch. Et gëtt eng Verfilmung vum Pol Cruchten mam André Jung an der Roll vum Papp.

Den Auteur erzielt e Schouljoer am Liewe vun engem 12järege Jong zu Esch an de fréie 60er Joren. De Roman baséiert op senger Biographie.

Wichteg Sujete sinn d’Relatioun vum Jong zu sengem strenge Papp, déi finanziell Néit vun der Famill, deen iwwerdriwwe strenge Schoulmeeschter an d’Spiller mat de Kolleegen.

De Roman liest sech immens gutt, et soll een sech vun der Déckt net ofschrecke loossen.

Fir Perl oder Pica krut de Jhemp Hoscheit de Prix Servais.

Buch

Format

Drock

€12.50
Nëmme fir Léierpersounen. Loggt Iech wgl. mat Ärem IAM an.