Lycée

Beruffsausbildung

Video > Clip > Lëtzebuergesch richteg schreiwen

Lëtzebuergesch richteg schreiwen

Sommaire

Beschreiwung
„Lëtzebuergesch richteg schreiwen“: Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend am Ganzen 30 kuerz Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Informations

Produkt

Affiliations

Description

Déi animéiert Videotutorials erklären d’Grondreegele vum Lëtzebuergeschen op eng flott, faarweg a spilleresch Aart a Weis. Lassgeet mat zwou Aleedungen iwwer d’Vokalen an d’Konsonanten an iwwer d’Betounung, duerno kommen déi wichtegst Reegelen drun (vun der Vokallängt iwwer d’n-Reegel bis bei d’Friemwierder), den Ofschloss mécht dann e Pot-pourri mam Titel: Kuréieses an Nëtzleches.

Dir wäert gesinn: Esou vill Spaass huet d’Lëtzebuerger Orthografie nach ni gemaach!

WEIDER INFOEN:

D'Reegelwiek vun der Lëtzebuerger Orthografie fënnt een online um Internetsite vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (www.zls.lu). Do kann ee sech och d’Bichelchen D’Lëtzebuerger Orthografie als PDF eroflueden.

Wien d’Schreifweis wëllt üben, dee kann dat um Ortho-Trainer maachen: ortho.lod.lu. Do ginn d'Reegelen eng no där anerer opgelëscht mat dernieft de passenden Exercicen. A wann ee sech emol iert, kritt ee genee gesot, u wéi eng Reegel ee sech net gehalen huet ...

Nach e leschten Tipp: Wie wësse wëllt, wéi bestëmmte Wierder geschriwwe ginn, gëtt dat zimmlech sécher am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (www.lod.lu) gewuer. Am Noutfall hëlleft d'Hotline vum ZLS weider: lod@lod.lu.

Clip

Contenu multimédia

Loggt Iech wgl. mat Ärem IAM oder E-Mail Adress an.