Lycée

Beruffsausbildung

Publikatioun > Buch > Allerhand 08 : Wanter - Pol Greisch

Allerhand 08 : Wanter - Pol Greisch

Sommaire

Beschreiwung
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

Informations

Produkt
Sprooch
Lëtzebuergesch
ISBN
978-2-49673-143-9

Affiliations

Description

Beschreiwung

Wanter gehéiert an d’Rei vum Pol Greisch senge Bürosstécker, déi d’Sich vum Mënsch no enger sënnvoller Existenz am Kader vun der moderner Aarbechtswelt thematiséieren. 

Den Norbert Winter kënnt nom Congé zu Las Palmas zeréck op de Büro, voller Virfreed, well näischt am Liewen him méi bedeit wéi seng Plaz als Chef vun der Liquidatioun. Lues a lues gëtt dem Winter awer bewosst, datt hien net méi an där Firma ugestallt ass, also selwer „liquidéiert“ gouf. 
De Winter ass verzweifelt, mee sou séier gëtt hie säi Posten net op …

Buch

Format

Drock

12,50€
Loggt Iech wgl. mat Ärem IAM oder E-Mail Adress an.